Scolarisatioun vun ukrainesche Flüchtlingskanner

Ëmmer méi Flüchtlingen aus der Ukrain kommen op Lëtzebuerg, dorënner och vill Kanner a Jugendlecher am schoulflichtegen Alter. Si mussen eng Rei Prozeduren duerchlafen, wéi z.B. eng Evaluatioun beim „Service de scolarisation des enfants étrangers“, a si musse vun der Direktioun vun der Immigratioun unerkannt sinn, ier si kënnen an d‘Primärschoul oder ee Lycée opgeholl ginn. Eng Rei vun deene Kanner gi vu Privatleit uechtert d‘Land hebergéiert a kéinten an der Schoul vun hirer Gemeng oder an enger Internationaler Schoul an hirem Schoulberäich opgeholl ginn. Ass de Schoulminister bereet, dem Direktiounspersonal vun de Lycéeë respektiv de lokale Schoulkommissiounen ze erlaben, ukrainesch Kanner, déi bei Privatleit ënnerkomm sinn, selwer ze evaluéieren, fir si direkt a Klassen opzehuelen, déi hire Fäegkeeten entspriechen?

Deel dëse Post: