Schwéiere Fall vu Muechtmëssbrauch duerch d’Regierung?

D’Lëtzebuerger Wort erhieft Virwërf géint d’Regierung, déi, falls se sech sollte confirméieren, op keng Kouhaut méi ginn. Eng Firma, déi 2019 vum rechtsstaatleche Prinzip Gebrauch gemaach huet, fir an engem Sträit mam Ëmweltministère d’Verwaltungsgeriicht unzeruffen, gëtt säitdeem systematesch gedirängelt. Op eemol fënnt eng Kontroll no der anerer statt, et ginn Tonnen nei Geneemegunge gebraucht, nëmmen, fir datt se duerno ofgeleent ginn. Mee domat net genuch: Falls dës Entreprise, déi an hire Produktiounsofleef mëttlerweil seriö gestéiert gëtt, misst Faillite umellen, géif se fir e symboleschen Euro un déi ëffentlech Hand falen. Et gëllt d’Onscholdsvermutung, mee sou oder sou muss d’Regierung eng Rei Froe beäntwerten. Uewen drop ass nämlech ze soen, datt déi betraffe Firma u sech op genee déi Produite spezialiséiert ass, déi eis ass an der aktueller Kris sou batter feelen: landwirtschaftlechen Dünger an Energie. Nieft allem aneren, géif d’Regierung also och nach géint eis national Interesse verstoussen. Wéi steet si zu dëse Virwërf?

Deel dëse Post: