Schwéier Zäite fir d’Lëtzebuerger Baueren!

Eis Bauere sinn duerch de COVID an eng schwéier Situatioun gerutscht. Elo komme weider onerfreelech Ëmstänn dobäi: D’Optriede vun der Blauzungen-Krankheet, de Präisverfall vum Schwéngefleesch, nei Dispositioune beim Mäschte vun de Fierkelen. All dat ass net eleng mat engem finanzielle Méi-Opwand fir d’Bauere verbonnen, mee kascht och vill Aarbecht an Nerven.  Schonn am Abrëll huet den Nord-Deputéierte Jeff Engelen eng Motioun an der Chamber deponéiert, fir de gesamte landwirtschaftleche Secteur ze stäerken; am Mee huet den Nord-Deputéierten dunn eng Motioun deponéiert, déi fir méi Unerkennung vum landwirtschaftleche Beruff plädéiert. Den Engagement fir de landwirtschaftleche Secteur läit an der DNA vun der ADR. Hei fannt Dir eis aktuell parlamentaresch Froen a Chamber-Motiounen:

Deel dëse Post: