Schwangerschaft und Profisport: kein Tabuthema mehr?

Hei ass dem Deputéierte Jeff Engelen seng parlamentaresch Fro iwwer Schwangerschaft an Profisport.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

De Leeschtungssport erfuerdert vun den Athleten en honnertprozentegen Engagement. Nodeems si hir wichtegst Ziler erreecht hunn décidéiere si heiansdo fir eng Paus an hirer Carrière ze maachen, z.B. fir eng Famill ze grënnen.

Dëse Szenario betrëfft haaptsächlech Fraen, déi sech entscheeden e Kand ze kréien.  Déi Fraën déi dono nees wëllen zeréck an hire Sport, ginn awer dann dacks net méi genuch ënnerstëtzt. Rezent Beispiller am Ausland weisen, z.B. dat vun enger franséicher Judoka, datt et méiglech ass fir och no enger Paus nach grouss sportlech Leeschtungen ze bréngen.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Ginn zu Lëtzebuerg och Sportler no enger Familljepaus ënnerstëtzt a gefërdert?
  • Ewéi presentéiert sech déi Situatioun speziell fir Sportlerinnen déi Mamm gi sinn?

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: