Schutzstatut an am Konflikt mam Gesetz: Wéi reagéieren?

Leider héiert een ëmmer méi dacks vu Virfäll, wou Migranten, déi e Schutzstatut ugefrot hunn oder dëse schonn zouerkannt kruten, a Konflikt mam Gesetz kommen. Et soll notamment zu Beefort schonns zu Virfäll komm sinn, wou d’Awunner sech menacéiert gefillt hunn an op d’Hëllef vun der Police hu missen zeréckgräifen. Den OLAI (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) schéngt dat häerzlech wéineg ze intresséieren. Et ass dann och Rieds vun engem ominéise Bréif, deen den OLAI soll u Privatleit vu Beefort geschriwwen hunn an an deem eng Rei Verhalensreegele fir d’Awunner virgi solle sinn. Geet et also esou lues an d’Richtung, datt d’Awunner vu Lëtzebuerg hiert Verhalen mussen un d’Gewunnechte vun de Migranten upassen? De Fernand Kartheiser well iwwert all dës Punkte Kloerheet hunn a stellt eng Rei onkamoud Froen.

Deel dëse Post: