Schüler, déi an äiskalem Waasser schwamme mussen

Wat seet d’Regierung zur Kritik vun Elteren, déi drop hiweisen, datt hir Kanner beim Sportunterrecht an äiskalem Waasser schwamme mussen?

Fro:

Aktuell heefe sech d’Reklamatioune vun Elteren, déi sech bekloen, datt hir Kanner am Kader vum Sportunterrecht genéidegt ginn, an äiskalem Waasser ze schwammen. D’Waasser an de betreffende Schwämmen, vun deenen der vill a Gemengenhand sinn, wier däitlech méi kal wéi fréier. D’Kanner géifen am Waasser zidderen, a vill vun hinne géifen der doduerch krank ginn.

An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Regierung:

  • Leien der Regierung Statistike vir, déi iwwer d’Waassertemperatur an de Schwämmen, déi fir de Sportunterrecht am Fondamental an an de Lycéeë genotzt ginn, informéieren? Wa jo, wéi hu sech déi Temperaturen an deene leschten dräi Joer entwéckelt?
  • Ginn et Instructioune vun der Regierung, wat d’Waassertemperatur an de Schwämmen, déi fir de Sportunterrecht am Fondamental an an de Lycéeë genotzt ginn, ugeet? Wa jo, wat genau sinn dat fir Instructiounen? Wann net, ass dru geduecht, fir esou eng Instructioun auszeschaffen am Hibléck op d’Ännerung vun der uewe beschriwwener Situatioun?
  • Gesäit de Regierung en Zesummenhank tëscht enger niddreger Waassertemperatur an de Schwämmen an enger Heefung vu Krankheetsfäll bei Schüler?

 

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: