Schued duerch Nilgänsen: Wou bleift d’Ënnerstëtzung?

D’Nilgäse sinn eng net-heemesch an invasiv Vullenaart, déi ëmmer méi Schued uriichten. Den ADR-Parteipresident Fred Keup wëll wëssen, wou d’Ënnerstëtzung bei Schied duerch Nilgänse bleift.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden.

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet d’Madamm Ëmweltminister rezent matgedeelt, datt d’Nilgänsen als net-heemesch an invasiv Déierenaart effektiv substantielle Schued uriichten. D’Dynamik vun där invasiver Vullenaart wier ganz grouss, esou d’Madamm Ëmweltminister. Trotzdeem ginn d’Bauere bis dato nach net entschiedegt, wa Schied optrieden an obwuel d’Nilgänse kee Schutzstatut duerch d’Naturschutzgesetz genéissen, däerfen si awer net gejot ginn.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltminister:

  1. Firwat bleift d’Regierung bei hirer Positioun, de Bauere keng Entschiedegungen auszebezuele bei Schied, déi d’Nilgänsen uriichten obwuel si jo selwer ze verstoe gëtt, datt dës Vullenaart invasiv ass an och substantielle Schued uriicht?
  2. Firwat ass d’Juegd op Nilgänse verbueden, obwuel dës als net-eenheemesch Déierenaart kee Schutzstatut duerch d’Naturschutzgesetz genéissen? Gedenkt d’Regierung déi gesetzlech Dispositiounen esou ëmzeänneren, datt d’ Juegd op Nilgänsen an Zukunft zoulässeg ass?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup

Deel dëse Post: