Schoulverweiser géint gewaltbereet Schüler

Gewalt

Lëtzebuerg gëtt aktuell mat engem net gekannten Ausmooss vu Gewalt an de Schoule konfrontéiert. Sënnbildlech duerfir steet de Phenomen vum sougenannten “Happy Slapping”. Wéi an der Press ze liese war, krute verschidde vun dësen Täter och schonn e Schoulverweis, hunn awer wéinst der Schoulflicht duerno ëmmer nees an engem anere Lycée missen opgeholl ginn. Zu de Grënn fir dës Schoulverweiser gehéiert och de Besëtz vu Waffen. A wéi ville Fäll ass am Schouljoer 2021/22 ee Schüler wéinst Waffebesëtz vun der Schoul verwise ginn?

Deel dëse Post: