Schoulreform: Ongerecht an net zu Enn geduecht

D’ADR konnt de Gesetzesprojet iwwert d’Reform vum Enseignement Secondaire net matstëmmen, an dat aus guddem Grond: Ze vill Ongereimtheeten an ze vill Ongerechtegkeeten zeechnen dëst Gesetz aus. Anescht wéi d’CSV, déi just minimal Ännerunge géif virhuelen, gesäit d’ADR an dësem Gesetzesprojet eng grondsätzlech falsch Approche vu Gambia zur Schoulpolitik.

Ee wichtege Kritikpunkt ass, dat dëst Gesetz net zu Ënn geduecht ass. D’Regierung wëll, datt d’Schoule méi Autonomie erhalen an sech duerch en eegene Profil auszeechnen, vergësst awer ze soen, datt et doduerch zu enger ëmmer méi staarker Konkurrenz tëscht de Schoule wäert kommen. Wa een d’ Schoulen an hirer individueller Ausriichtung stäerke wëll, muss een och Begleedmoossname festleeën, fir datt et innerhalb vun den ëffentleche Schoulen net zu sozialen Ongerechtegkeeten oder regionalen Ongläichgewiichter kënnt. Wat am Gesetzesprojet zudeem ganz vernoléissegt gëtt, ass de Gedanken iwwert d’Integratioun vun de Schüler an eis Lëtzebuerger Gesellschaft. D’Schoule sollen a mussen als Agent vun eiser Gesellschaft wierken, fir eist Land an d’Zukunft ze projezéiere, dozou gehéiert virun allem d’Valoriséiere vun eisem traditionelle Modell vun der Méisproochegkeet. Nieft Däitsch a Franséisch bleift  d’Lëtzebuerger Sprooch dat wichtegst Integratiounsmëttel, besonnesch wann ee bedenkt, datt sech eis Schülerpopulatioun duerch eng grouss Heterogenitéit auszeechent. Gambia huet et an deem Sënn verpasst, déi vun der ADR gefuerderte Lëtzebuergesch-Sektioun an d’Liewen ze ruffen. (Video: 0’32”)

Fir d’ADR ass et desweideren net akzeptabel, datt de Gesetzesprojet alt erëm e Schrëtt an ee fatalen nivellement vers le bas ass. D’Unzuel vun de Flichtfächer am Premièresexame gëtt op sechs erofgesat, dëst obwuel et souwuel am private Sektor wéi och bei den Organisateure vum Staatsexame schonns zanter laangem festgestallt gëtt, datt d’Qualitéit an de Niveau vum Wëssen ëmmer méi erofgeet. De Lëtzebuerger Schoulsystem schéngt och senger Aufgab ëmmer manner gerecht ze ginn, de Schüler op een akademesche Bildungswee virzebereeden. De nivellement vers le bas bedéngt eng grouss sozial Ongerechtegkeet. Et muss ëmmer na d’Haaptprioritéit vun eisem Schoulsystem sinn, all jonkem Mënsch, onofhängeg vu sengem soziale Milieu, déi beschte Bildungschancë fir eng gutt Zukunft ze bidden. Wann d’Regierung den Niveau kontinuéierlech erofsetzt, hëlt se de jonke Léit déi Chance. D’ADR schwätzt sech kloer géint dëse Verloscht u Qualitéit a Niveau aus. (Video 1’19”)

 

Deel dëse Post: