Schoulpolitik: D’DP wëll Segregatioun amplaz Integratioun!

A senger Interventioun vum 14. Juni gräift de Fred Keup d’Schoulpolitik vun der Regierung un. D’Corinne Cahen huet betount, datt Integratioun zu Lëtzebuerg net méi erwënscht ass. Ganz an deem Sënn geet d’Regierung hin a baut eng international Schoul no där anerer, wou d’Schüler iwwerhaapt kaum nach Lëtzebuergesch musse léieren. Déi ëffentlech Schoul war bis dato e staarke Motor fir d’Integratioun zu Lëtzebuerg. Mat där aktueller Regierungspolitik ass allerdéngs domat Schluss. Eng weider Ongerechtegkeet ass iwwerdeems, datt d’Schüler, déi eng international Schoul besichen, hiren Ofschloss ee Joer éischter kréien – et ass also, ewéi wann de Schüler an der ëffentlecher Schoul automatesch ee Joer sëtze bliwwe wär.

Deel dëse Post: