
Freideg, 12. Juni 2020
Schoulpolitik a Corona-Zäiten: D’ADR weist de Wee!
A senger Interventioun vum 11. Juni betount de Fernand Kartheiser, datt sech déi vun der ADR proposéiert Mesuren am Hibléck op d’Schoulpolitik a Corona-Zäiten als richteg erausgestallt hunn. De Süd-Deputéierte verweist drop, datt d’ADR sech ëmmer fir de fräiwëllege Choix vum Homeschooling ausgeschwat huet. Wier d’Regierung deemols op de Wee gaangen, missten elo net esou e chaotescht Gesetz gestëmmt ginn – e Gesetz, wat méi, ewéi improviséiert wierkt a weist, datt de Schoulministère där aktueller Situatioun net gewuess ass, an dëst op Käschte vun de Schoulkanner.
Kalenner
Videokonferenz Kommitee Sektioun Beetebuerg
Link gett per Email un de Kommitee geschéckt
alles ukucken