Schoulorganisatioun: d’Prioritéite vun der ADR fir d’Stad Lëtzebuerg

De 24. Juni ass am Stater Gemengerot iwwert d’Schoulorganisatioun diskutéiert ginn. Hei sinn, am Resumé, d’Prioritéite vun der ADR fir d’Stad Lëtzebuerg, esou wéi se vun der ADR-Gemengeconseillère Marceline Goergen virgedroe goufen. 

Allgemeng kann ee festhalen, datt alles an allem ons Schoule gutt fonctionnéieren. Et gehéiert awer zu de Flichte vun enger Gemengeconseillère fir och op d’Schwaachpunkte vum Enseignement fondamental anzegoen.

Plan de réussite scolaire (PRC) a Plan d’encadrement périscolaire (PEP)

Bei allem Merite vun den Enseignanten an Educateuren, déi sech dofir hirginn, kann een sech d’Fro stellen, ob déi vill Papperasserie a Dauerversammlungen, déi domadder verbonne sinn, richteg investéiert sinn.

Contigent,

Wéi vill Léierinnen a Schoulmeeschteren huet d’Stad ze gutt fir hir Kanner ze ënnerriichten – oder, aneschtes ausgedréckt, wéi vill Kanner kommen an eng Klass? Virum Schoulgesetz vum 6. Februar 2009 konnt d’Stad Lëtzebuerg (Schoulkommissioun a Gemengerot) selwer iwwert eng gewësse Limite bestëmmen. Haut schreift de Staat de Gemenge vir, wéi vill Stonnen si fir d’Kanner zur Verfügung hunn! An dës Stonne gi vu Joer zu Joer manner!

Classes d’accueil

D’ADR fuerdert, op Landesniveau, dës Classe d’accueil nees anzeféieren. Kanner, déi nei an d’Land kommen, sollen a spezielle Klasse fit gemeet ginn, mat intensive Sproochcoursen, fir op de Lëtzebuerger Schoulsystem virbereet ze ginn.

Schouldirekter

Et ass endlech un der Zäit fir Schouldirektere kënnen ze nennen, fir esou all Dag um Terrain en Interlocuteur ze hunn, un deen sech d’Elteren, eventuell d’Kanner awer och d’Enseignanten sech direkt kënne riichten an esou Konflikter ze vermeiden oder ze léisen, wann se nach kleng sinn?

Dialog mat den Elteren

Et geet net duer, den Elterevertrieder an der Schoulkommissioun nozelauschteren; si mussen do och Gehéier fannen.

Hausaufgabenhëllef

Wien huet de Prinzip vun den Heures d’appui (1 bis 2 Stonnen d’Woch) net richteg verstanen? Sinn et d’Elteren, déi léiwer gesinn, datt déi Stonne fir reell schoulesch Nohëllef do soll sinn, oder ass et d’Schoulpersonal, dat der Meenung ass, datt déi Stonne besser ugeluecht si mat z.B. Backen oder Owesliesungen?

Quartiersschoulen

D’ADR ass dofir, datt déi kleng Quartiersschoulen ze erhalen. D’Experimenter mat Zentralschoule sollen op e Minimum reduzéiert ginn.

Dagesfoyeren

Et ass wichteg, datt d’Léierpersonnal an d’Educateuren esou enk wéi méiglech am Intérêt vun de Kanner zesummeschaffen.

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: