Schoulofbréch zu Lëtzebuerg

Säit e puer Joer geet d’Zuel vun de Leit, déi un der Ecole nationale pour adultes (der fréierer « Ecole de la 2e chance ») versichen, een Ofschloss nozehuelen, bzw. ee besseren oder zousätzlechen Diplom ze kréien, konstant an d’Lut. An obschonns een aus den Zuele vum Schoulministère erausliese kann, datt d’Zuel vun de Schoulofbriecher säit Pandemie-Ufank net an d’Lut gaangen ass, bleift dëst Thema ee brisante Sujet zu Lëtzebuerg. A wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, datt et Schüler ginn, déi d’Schoul ofbriechen, well se kee Schouljoer méi widderhuelen däerfen?

 

Deel dëse Post: