Schoul: Verschwannen Handschrëft a Pobeier?

Fir datt am Krisenzoustand d´Schoul net muss gestoppt ginn, gëtt ganz op d´Technologie zeréckgegraff, eng Optioun mat Kompromësser a Problemer. Gëtt séchergestallt, datt all Schüler déi néideg Viraussetzungen huet a wat gëtt gemaach, datt hei kee benodeelegt gëtt?

Wat geschitt mat deene méi traditionellen Informatiouns- a Wëssensquellen?

De Fernand Kartheiser hannerfreet de verstäerkte Gebrauch vun technologeschen Unterrechtsmëttelen am Schoulalldag a freet den Educatiounsminister seng Positioun zu de wëssenschaftlech bekannte Schied op Kuerz- oder Laangzäit vum iwwerméissege Gebrauch vu Computeren an d’Wichtegkeet an d’Virdeeler vum Schreiwe mat der Hand an dem Liese vum Pobeier.

 

Deel dëse Post: