Schoul halen ouni Aarbechtskontrakt

Kann et sinn, datt hei am Land verschidde Leit an de Lycéeë Schoul halen ouni Aarbechtskontrakt? Jo, dat gëtt et. De Fred Keup wëll vum Schoulminister Detailer dozou wëssen:

Fro:

Wéi een an engem Artikel vum „tageblatt“ vum 30. Mäerz 2023 („Unmoralisch bis illegal“) noliese konnt, ginn et hei am Land Chargé-de-coursen, déi scho säit zwanzeg Joer am Lëtzebuerger Schoulsystem aktiv sinn, ouni jeemools e CDI ënnerschriwwen ze hunn. Dat stéisst zwar a priori net géint de Code du travail, wou et am Art. L. 122-5, Paragraf 3 heescht:

“Par dérogation aux dispositions du présent article, peuvent être renouvelés plus de deux fois, même pour une durée totale dépassant vingt-quatre mois, sans être considérés comme contrats de travail à durée indéterminée, les contrats de travail à durée déterminée conclus (…) entre l’Etat ou la commune, d’une part, et le chargé de direction d’une classe de l’éducation préscolaire ou de l’enseignement primaire, le chargé d’éducation des lycées, l’agent socio-éducatif d’une administration ou service dépendant du département de l’éducation nationale, le chargé de cours du Service de la Formation des adultes, le chargé de cours du Service de la formation professionnelle et le chargé de cours du Centre de Langues Luxembourg, le chargé de cours des instituts et services de l’Education différenciée et le chargé de cours du Centre de logopédie d’autre part (…).”

D’Verfassungsgeriicht huet awer an engem Urteel vun 2006 festgehalen, dass dëse Passage aus dem Code du travail  géint d‘Lëtzebuerger Verfassung verstéisst, mam Argument, datt laut Verfassung all d’Lëtzebuerger virum Gesetz gläich sinn (Art. 11). De Ministère huet sech allerdéngs bis elo ni un dëst Urteel vum Verfassungsgeriicht gehalen, ënner dem Virwand, datt d’Urteeler vun dëser héijer Kierperschaft bis zum Gesetz vum 15. Mee 2020 iwwer d’Reform vum Verfassungsartikel 95 net bindend waren.

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Froen un den Här Schoulminister:

  • An der neier Verfassung, déi den 1. Juli a Kraaft triede wäert, steet am Artikel 112 (8): « Les dispositions des lois déclarées non conformes à la Constitution par un arrêt de la Cour Constitutionnelle cessent d’avoir un effet juridique le lendemain de la publication de cet arrêt dans les formes prévues pour la loi, à moins que la Cour Constitutionnelle n’ait ordonné un autre délai. » Wäert d’Regierung am Hibléck op dëse Passus an der neier Verfassung d’Urteel vum Verfassungsgeriicht aus dem Joer 2006 an deem Sënn respektéieren, datt ALL Chargé de cours vum 1. Juli un no enger bestëmmter, kloer festgesater Frist e CDI kritt? Wann nee, mat wéi engen Argumenter wäert d’Regierung déi jetzeg Praxis am Zesummenhang mat den Aarbechtskontrakter vun de Chargé-de-coursen fortsetzen?
  • Am selwechten Artikel vum „tageblatt“ heescht et: „Schlimmer sei jedoch, dass auch Personen ohne Arbeitsvertrag vor eine Schulklasse gestellt werden. (…) In den Internationalen Schulen kommt es regelmäßig vor, dass viele Lehrkräfte über mehrere Monate nicht krankenversichert seien und kein Gehalt erhalten, weil die Arbeitspapiere nicht fertig sind.“ Kann den Här Minister dës Ausso confirméieren? Wa jo, leien dem Här Minister Zuele vir, wéi vill Chargé-de-coursen am Ablack ouni Aarbechtskontrakt hei am Land Schoul halen?

Äntwert:

Ad 1)
Et ass richteg, datt déi nei Verfassung an hirem Artikel 112 (8), virgesäit, datt déi legal Dispositiounen,
déi duerch en Urteel vun der Cour constitutionnelle eng Verfassungswiddregkeet presentéieren, den
Dag no der Publikatioun keng juristesch Effekter méi virweisen. Den Artikel L.122-5, Paragraph 3,
Punkt 4, vum Code du Travail, agefouert vun der Loi du 31 juillet 2006 portant introduction d’un Code
du Travail, baséiert um Artikel 17 vun der Loi modifiée du 24 mai 1989 sur le Contrat de travail.
D’Verfassungsgeriicht huet an engem Urteel vum 20. Oktober 2006 festgehalen, datt den Artikel 17
vun der Loi modifiée du 5 juillet 1991 portant dérogation à la loi du 24 mai 1989 sur le Contrat de
travail géint den Artikel 10bis vun der Verfassung verstéisst. An der Suite koum et zu enger
Rektifikatioun vum Artikel L.122-5, Paragraph 3, Punkt 4, duerch en neit Gesetz vum 22. Dezember
2006; also posterieurement zum Urteel vum Verfassungsgeriicht.
En l’état actuel betrëfft d’Urteel vun Oktober 2006 de fréieren Artikel 17. En Urteel, dat
d’Verfassungsconformitéit respektiv d’Verfassungswiddregkeet vum neie Contenu vum Artikel
L. 122-5 constatéiert, sou wéi en zanter Dezember 2006 en vigueur ass, gëtt et also net.
D’Verfassungsconformitéit kann nëmme vum Verfassungsgeriicht festgestallt ginn. Et steet der
Regierung net zou, sech engem Geriicht ze subsituéieren. Den aktuellen Artikel L.122-5 ass e legal
gestëmmten Artikel, dee ganz regulär déi legislativ Prozedur duerchlaf huet an als solche muss vun
der Regierung applizéiert ginn.
Ad 2)
Et ass falsch ze behaapten, datt verschidden Enseignanten ouni Aarbechtsvertrag Schoul halen. All
Chargé de cours huet en Aarbechtsvertrag. Ouni sou e Vertrag dierf keen Agent beim Staat ufänken
ze schaffen. Allerdéngs kann eréischt eng Pai vum Centre de gestion du personnel et de l’organisation
de l’État (CGPO) ausbezuelt ginn, wann d’Dossiere komplett sinn; also net nëmmen de Vertrag
ënnerschriwwen ass, mee och all déi administrativ Pabeieren un déi zoustänneg Administratioun
transferéiert goufen. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend huet do net ëmmer Afloss op den
zäitlechen Oflaf, dëst hänkt och dacks vun externe Facteuren of (Reaktivitéit vun den Agenten, déi
néideg Dokumenter ofzeginn).

 

 

 

Deel dëse Post: