
Mëttwoch, 28. Juli 2021
Schluss mat der kaler Progressioun!
Zu Lëtzebuerg ginn d’Paien als engem vun zwee Länner op der Welt, automatesch un d’Inflatioun ugepasst. Wann d’Liewe méi deier gëtt, kritt och de Salarié eng Kompensatioun, fir, datt säi Liewensstandard erhale bleift. Sou déi offiziell Duerstellung. A Wierklechkeet profitéiert awer net de klenge Mann vun dëser Reegelung, mee an éischter Linn de Staat. D’Steiertabelle ginn nämlech net mat indexéiert, sou, datt de Lounausgläich als Erhéijung gerechent gëtt. Déi lescht entspriechend Upassung geet scho bis an d’Joer 2009 zeréck. De Patron mécht en Effort fir seng Mataarbechter, mee d’Sue kasséiert de Staat. Plangt d’Regierung eng Ännerung vun dësem skandaléisen Zoustand?
Schlagwörter: Fernand Kartheiser, Index, Pierre Gramegna, Regierung, Staatsbudget, Steieren, Xavier Bettel
Kalenner
Videokonferenz Kommitee Sektioun Beetebuerg
Link gett per Email un de Kommitee geschéckt
alles ukucken