Schluss mam “Populismus à la Dan Kersch”

Nieft dem mënschleche Schicksal ass an der Coronakris virun allem och d’Ekonomie staark betraff, déi duerch de Krisenzoustand praktesch zum Stëllstand komm ass. D’Regierung krut fir 3 Méint d’Méiglechkeet, direkt Decisiounen ze huelen, déi si an dëser Situatioun fir néideg befënnt.

Fir d’ADR war wichteg, datt d’Chamber als éischte Pouvoir am Land d’Kontroll iwwert d’Regierung behält. Dofir trëfft d’Regierung sech eemol d’Woch, oder wann et ubruecht ass, mat de Parteien déi an der Chamber vertruede sinn. Dat fir sech auszetauschen an déi néideg Decisiounen ze beschwätzen.

Parteipolitik ass zu dësem Zäitpunkt wierklech net ubruecht. Dowéinst sinn Aussoen ewéi déi vum Minister Dan Kersch géintiwwer de kleng a mëttel Betriber an den Independanten, lénksideologesche Populismus a si kontraproduktiv an dëser Situatioun.

Mat senger Fuerderung datt sech déi méi breet Schëlleren och méi staark un de Suitte vun der Kris bedeelege sollen, huet den Aarbechtsminister vill Fräiberuffler a Patrone widder de Kapp gestouss.

D’ADR ass dofir der Meenung datt den LSAP-Vizepremier, wann en dann de néidegen Anstand hätt, seng Responsabilitéit iwwerhuelen an demissionéiere misst.

Wéi den Dan Kersch et formuléiert hat, ginn et natierlech Patronen déi virun der Kris “gutt Sue verdéngt hunn.” Ma et ass falsch fir déi kommend Käschte vun der Coronakris verstäerkt wëllen op si ofzewälzen. D’Fräiberuffler hunn de Risiko geholl fir sech selbststänneg ze maachen, an eng Majoritéit vun hinne muss hei zu Lëtzebuerg mat engem moderate Verdéngscht iwwert d’Ronne kommen.

Am Plaz wéi den Aarbechtsminister ze polariséieren, proposéiert d’ADR dat heiten: An der Aarbechtswelt sollen sech déi Betraffen alleguerte kuerzschléissen, vum normale Salarié iwwert den Affekot an Dokter bis bei de Patron. Dat ass de richtege Wee an dëser aussergewéinlecher Krisenzäit, wou quasi déi ganz Wirtschaft em hiert Iwwerliewe kämpft.

D’Regierung sot, d’Staatsfinanze wiere gesond a kee géing an dëser Kris am Stach gelooss ginn. D’ADR behält dat esou zeréck an erwaart, datt deem herno och esou ass. An datt nieft dem Salariat och d’Entreprisen, d’kleng a mëttel Betriber esou wéi och d’Independanten déi versprachen Ënnerstëtzung kréien, fir datt d’Ekonomie an d’Aarbechtsplazen erhale bleiwen. D’ADR hofft awer, datt déi Hëllefen herno net mussen iwwert de Wee vu Steiererhéijungen zeréckbezuelt ginn.

Nieft dem Salariat leien d’kleng a mëttel Betriber an d’Independanten, der ADR besonnesch um Häerz.

E Secteur, dee riskéiert ouni déi néideg Ënnerstëtzung vill Faillitten ze kréien, an domadder e grousse Verloscht un Aarbechtsplazen. D’ADR verlaangt dofir datt déi kleng Butteker a Betriber sou séier wéi méiglech kënnen opmaachen, dat natierlech ënnert dem strikte Respekt vun den Oplagen. Weider huet d’ADR och scho Propositiounen an der Chamber gemaach, datt d’Krisegesetz fir dee Sektor soll punktuell nogebessert ginn.

D’ADR verlaangt och, datt direkt no der Kris e Bilan gezu gëtt, fir zesummen d’Schwaachpunkten ze identifizéieren an opzeschaffen, fir datt mer an Zukunft géintiwwer esou Situatioune besser opgestallt sinn.

Ofschléissend wëll ech am Numm vun der ADR all deene Leit Merci soen, déi an dëser schwiereger Zäit hiert Bescht ginn, a fir d’Gesellschaft all déi néideg Servicer leeschten, op déi bis haut onënnerbrach zeréckgegraff gouf.

Merci a bleift gesond!

Esouwäit den Dan Hardy, politesche Beroder vun der ADR, an engem Kommentar an der Wochenzeitung “D’Lëtzebuerger Land.”

 

Deel dëse Post: