Schluss mam „Nivellement vers le bas“!

D’ADR mécht sech grouss Suergen ëm de Lëtzebuerger Schoulsystem. Mir stelle fest, datt et rezent alt nees zu engem Manktem un Enseignanten an der Grondschoul koum, während de Ministère sech administrativ dauernd weider ausdehnt an dobäi och op qualifizéiert Enseignanten zréckgräift, déi Schoul hale kéinten. Ënnert anerem doduerch muss an de Schoulen op net qualifizéiert Enseignanten zeréckgegraff ginn.

Scho ganz laang – souwuel ënner CSV-Fiederféierung, mee besonnesch och ënnert de Ministere Mady Delvaux a Claude Meisch – hunn och eng sëlleche Reformen dozou gefouert, datt den Niveau vun de Schoulen ëmmer méi erofgedréckt gouf. D’Chancë vun deene Jonken am Studium, Beruff an Ausbildung ginn domadder, an engem staark konkurrenziellen Ëmfeld an der Groussregioun, op eng onverantwortlech Manéier a Fro gestallt. Déi rezent Entwécklunge bei der Rekrutéierung vum Schoulpersonal, wéi och allgemeng d’Resultater beim Staatsexamen, si Konsequenze vun enger laangjäreger, onverantwortlecher Schoulpolitik ënner CSV-LSAP, respektiv Gambia Regierungen.

D’Ännere vum Bewäertungssystem a vun den Zensuren, d’Aféierung vu Cyclen, de kompetenzorientéierten Unterrecht an d’Kompenséierungsméiglechkeeten hunn hiert dozou bäigedroen, d’Qualitéit vum Unterrecht an d’Motivatioun vum Léierpersonal an de Schüler a Fro ze stellen. Déi Tendenz geet leider viru mat ëmmer manner Wëssensvermëttelung an de Fächer an där entspriechender Reduzéierung vun den Examensufuerderungen. An der Beruffsausbildung, besonnesch fir d’Handwierk, ass d’Situatioun besonnesch gravéierend.

Déi laangfristeg Tendenze vun dësen Entwécklungen op eis Gesellschaft kënnen engem nëmme grouss Suerge maachen. Dee konsequente Sabotage vun der ëffentlecher Schoul ass och sozial net ze vertrieden. Eng ëmmer méi staark Fluchttendenz aus eisem traditionellem Schoulsystem schuet virun allem deene sozial méi Schwaachen – wien et sech leeschte kann, schéckt seng Kanner op deier Privatschoulen.

D’ADR wiert sech vehement géint deen „Nivellement vers le bas“, fir deen d’Schüler, de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart an domat och d’Bierger vum Land d’Rechnung kréien. Si steet fir eng qualitativ héichwäerteg, ëffentlech Schoul, déi nees méi Wëssen an eng Bildung vermëttelt, déi den Numm verdéngt, eng éischtklassesch Beruffsausbildung a Freed un der Leeschtung bréngt.

Dowéinst wäerten der ADR hir Proposen am Walprogramm 2018 sech kloer vun där Schoulpolitik ënnerscheeden, déi zënter Joren op den Ofgrond histeiert.

Et versteet sech vum selwen, datt d’ADR dobäi och e besonnescht Gewiicht op déi traditionell Dräisproochegkeet vun onsem Land leet a besonnesch Lëtzebuergesch als Integratiouns-, Unterrechts- a Schoulsprooch promovéiert.

Pressematdeelung vum 31. Januar 2018

 

Deel dëse Post: