Konsequenten Nee zum Covid-Gesetz!

D’Regierungs-Koalitioun an d’ADR bleiwen a ville Punkten enger fundamental anerer Meenung! Vum Ufank vun der Kris un, huet d’ADR sech géint all Aschränkung vun de verfassungsméisseg garantéierte Grondrechter ausgeschwat.  An och haut soe mir nees kloer an däitlech:  mir wëllen, datt déi individuell Rechter vun der Beweegungsfräiheet a vum Schutz vum Privatliewen nees voll retabléiert ginn. Schluss mat der Ausgangsspär a Schluss mat den Aschnëtter an d’Privatliewe vun de Leit! Mir hunn als ADR eng Opfaassung vun eiser Gesellschaft déi vun der Fräiheet vum Eenzelen ausgeet an net vun der Allmacht vum Staat. Fir eis dreet de Bierger eng Eegeverantwortung a ka wichteg Decisioune fir sech selwer huelen, ouni Gängelung duerch d‘Regierung. A well mir eis an eiser Haltung konsequent sinn, verlaange mir  op en Neits dee volle Retablissement vun de Grondrechter! Mir bleiwen als ADR bei eiser Fuerderung, datt den HORECA-Secteur muss nees kënne ganz opmaachen, selbstverständlech am Respekt vun de virgeschriwwene Sécherheetsmoossnamen. Datt an den Alters- a Fleegeheemer vill eeler Leit massiv vun Isolatioun betraff sinn an déi e katastrophalen Effekt op hir Psyche huet, esou datt vill vun de betraffene Leit sech esou guer d’Liewe wëllen huelen, dat stellt net just d’ADR ma och elo déi national Mënscherechtskommissioun fest. D’Regierung muss hei endlech méi aktiv ginn, nodeems déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen versot huet. Da wërft den Asaz vun de Schnelladrer vill Froen op, d’ADR ass och hei ganz kritesch. Zoustëmmung zu de Corona-Impfungen iwwregens nëmme wann d’Fräiwëllegkeet weider zu 100% garantéiert ass!

 

 

Deel dëse Post: