Schéin Ouschteren 2020!

Mir alleguerte feieren dëst Joer en eenzegaartegt Ouschterfest, ouni traditionell Eemaischen an der Stad an zu Nouspelt. Mir loossen eis awer déi gutt Laun duerch déi aktuell Restriktiounen, am Kader vun der Covid-19 Kris, net verdierwen. E sonnegen Ouschterweekend steet virun der Dier, an dat ass eng wonnerbar Geleeënheet fir an der Natur, an der direkter Ëmgéigend wou mir wunnen, vun der gudder Loft an dem  schéine Wieder ze profitéieren. Et ass awer och e Moment fir d’Familljeliewen doheem héich ze halen an zesummen ze genéissen, wéi e flott a gutt Iessen hunn, Ouschtereeër am Gaart ze sichen oder bei scho bal summerlechen Temperaturen de Grill unzegeheien.

D’ADR wënscht all senge Sympathisanten, Frënn a Membere ganz schéin Ouschteren an eng gutt Zäit. Bleift gesond!     

Deel dëse Post: