Scheedungskanner an eng laang Rëtsch Onkloerheeten: De Fernand Kartheiser freet no

Eng ganz Rëtsch Onkloerheeten gëtt et bei Scheedungen bei der elterlecher Autoritéit: D’Jurisprudenz ass kontradiktoresch, an der Praxis këntn et ëmmer nees zu Problemer. De Code civil ass dem Verfassungsgeriicht no esouguer verfassungswiddreg. E Reglement vum Februar iwwer de biometresche Pass huet elo nach méi Froen opgeworf. Grad ewéi d’Consultatioun vum Kand sengen Donnéen iwwer Internet, déi nëmme méiglech ass fir den Elterendeel oder Partner, bei deem d’Kand liewt. De Fernand Kartheiser wollt Opschloss iwwer deen Dossier: Hie kritt vun de Ministeren eng auswäichend Äntwert, déi, wéi dacks an dëser Fro, op d’Zukunft vertréischt. Den Ausseminister Jean Asselborn, un deen d’Fro och adresséiert war, huet emol net drop geäntwert.

Deel dëse Post: