Scheedunge vu Mënschen aus Eritrea. Mir wëlle kloer Statistiken!

An enger parlamentarescher Fro haten de Fernand Kartheiser an de Roy Reding gefrot, ob der Regierung Donnéeë virleien, wat d’Finanzéierung vu Scheedunge vun eritreeësche Staatsbierger zu Lëtzebuerg betrëfft, an ob zum Zweck vun esou Scheedungen Affekoten iwwer d’assistance judiciaire bezuelt ginn. Dorop huet d’Regierung folgendermoosse geäntwert: “Der Regierung leie keng Donnéeë vir, wat d’Finanzéierung vun dëse Scheedunge betrëfft.” Esou eng Äntwert ass wuel kaum zefriddestellend. Ginn et da guer keng Statistiken am Zesummenhank mat dëser Saach?

 

Deel dëse Post: