Scheedung: d’Moossnamen

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Députéierten Fernand Kartheiser.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

D’Gesetz vum 27. Juni 2018 « instituant le juge aux affaires familiales, portant réforme du divorce et de l’autorité parentale » gesäit zwou Forme vu Scheedung vir, nämlech « le divorce par consentement mutuel » an « le divorce pour rupture irrémédiable des relations conjugales ».

Wärend der Scheedungsprozedur kënne vum Riichter, op Ufro vun engem oder béide Conjointen, provisoresch Moossnamen am Hibléck op dréngend Froen applizéiert ginn, déi sech z.B. op déi gemeinsam Kanner, d’Ressourcë vun der Koppel oder hir Wunneng wärend der Scheedungsprozedur bezéien. Dës Moossname gëlle just wärend der Scheedungsprozedur an halen op, wann d’Scheedungsurteel gesprach ass.

Elo ass et sou, datt et an der Praxis ka virkommen, datt eng vun de Parteien en Interessi kann drun hunn, datt esou provisoresch Moossname méiglechst laang daueren an déi aner awer der Iwwerzeegung ass, datt et héich Zäit gëtt fir déi provisoresch Moossnamen ëmzeänneren oder opzehiewen, och schonn ier en Urteel geschwat gëtt. Eng kloer Reegelung iwwer d’Dauer vun esou provisoresche Moossname gëtt et menges Wëssens net, ausser datt si eben net méi gëllen wa bis en Urteel gesprach gouf.

Datt et net onbedéngt en “neit Element” an esou engem Dossier gëtt ass dann normal wann d’Parteien sech den Dispositioune vum Geriicht fügen, esou wéi dat jo och soll sinn.  Dacks ginn dann awer aus “provisoresche Moossnamen” dauerhaft Zoustänn.

An deem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Gëtt et statistesch Donnéeën doriwwer, ewéi laang “provisoresch Moossname” daueren?
  2. Gëtt et an der Lëtzebuerger Magistratur eng allgemeng Opfaassung doriwwer, wéi laang provisoresch Moossname kënnen dauere bis si méiglechst sollten iwwerpréift ginn?
  3. Ass d’Madamm Minister der Meenung, datt provisoresch Moossnamen déi vun engem Geriicht geschwat goufe sollen d’office periodesch iwwerpréift an eventuell amendéiert ginn?
  4. Gëtt et am Ausland, zum Beispill an der Belsch oder a Frankräich, méi präzis Reegelen iwwer de Gebrauch, d’Dauer oder d’Revisioun vu provisoresche Moossnamen?
  5. Besteet de Risiko, datt Lëtzebuerg vun internationalen Instanzen oder Geriichter kéint wéinst der Handhabung vu “provisoresche” Moossname kritiséiert oder condamnéiert ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: