Sabotage vun der Nordstream-Pipeline

Wéi staark ass d’Lëtzebuerger Ekonomie vun der Sabotage vun der Nordstream-Pipeline betraff?

Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister, den Här Ekonomieminister an den Här Energieminister weiderzeleeden.

De 26. September 2022 sinn d’Gaspipelinen Nord-Stream 1 an 2 duerch en Akt vu Sabotage schwéier beschiedegt, respektiv zerstéiert. Domat ass e wichtege Pilier vun der europäescher Gasversuergung ewechgebrach, deen sech opgrond vum Mangel vun enger adequater Infrastruktur nëmme ganz Zäit- a ressourcenintensiv an och nëmmen deelweis duerch alternativ Importer, wéi z.B. den ekologesch ëmstriddenen an deiere Flësseggas, ersetze léisst.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

1) Kann d’Regierung den Impakt vum Sabotage vun der Nord-Stream Pipeline op d’Lëtzebuerger Ekonomie scho chiffréieren, respektiv huet si eng entspriechend Evaluatioun an Optrag ginn? Falls jo, an Zesummenaarbecht mat wéi engen nationalen an eventuell internationalen Institutiounen? Falls net, firwat net?

2) Ginn dobäi och déi indirekt Repercussioune mat agerechent, wéi z.B. d’Influenz op Lëtzebuerg vu Stéierungen an Deierechten an där däitscher Ekonomie?

3) Gesäit d’Regierung fir de Fall, datt déi international Enquêten een oder méi Täter identifizéieren, vir, deen oder déi verantwortlech Täter, respektiv Staaten, ëm entspriechende Schuedenersatz unzesichen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

D’Äntwert vun der Regierung:

Nord Stream 1 gouf am Joer 2011 operationell fir russesche Gas bal 1.200 Kilometer duerch d’Ostsee an Däitschland ze transportéieren. Nord Stream 2 gouf ni a Betrib geholl, wëll déi däitsch
Regierung d‘Autorisatiounsprozedur am Februar 2022 als Deel vun de Sanktioune géint Russland gestoppt huet.

An der Nuecht vum 26. September 2022 sinn dräi vun deenen insgesamt véier Pipeline vun Nord Stream 1 an 2 duerch Explosiounen zerstéiert ginn, no aktuellen Aschätzunge verursaacht duerch Sabotage. Däitschland, Dänemark a Schweden hunn als direkt betraffe Länner am Oktober 2022 Enquête lancéiert, déi aktuell nach net ofgeschloss sinn.

No enger Analys vu Bloomberg sinn d’Gaspräisser an Europa an der Suite vun där Sabotage kuerzfristeg ëm 12 Prozent eropgaangen, an dat obwuel zu deem Moment a kenger vun deene Pipeline Gas gefloss ass.¹ Wéi am Grafik hei drënner duergestallt, si schonn den 29. September d’Präisser awer erëm gefall, wat doduerch ze erklären ass, dass de Marché an d’Marchésacteuren onofhängeg vun deenen Explosioune souwisou net domat gerechent haten, dass d’Pipeline géife genotzt  ginn.²

Entspriechend deen uewe genannten Analysen, ass deen ekonomeschen Impakt vun der aktueller Energiekris net ausschliisslech am Kontext vun deenen Explosiounen ze gesinn, mee wesentlech méi breet. Effektiv hunn déi héich Energiepräisser signifikant Impakter op d’Gesellschaft an d’Industrie an Europa. Et ass och dowéinst, dass d’Lëtzebuerger Regierung zesumme mat de Sozialpartner schonn am Mäerz 2022, d.h. kuerz no der Invasioun vu Russland, am Kader vun der Tripartite verschidde Moossnamen am Solidaritéitspak 1.0 decidéiert huet an dono mam Solidaritéitspak 2.0 an 3.0 ergänzt huet. Et ass ervirzehiewen dass d’Regierung spezifesch Hëllefsprogrammer fir d’Entreprisen op d’Been gestallt huet fir een Deel vun de Méikäschte vum Stroum a Gaspräis am Verglach mat 2021 ze kompenséieren, bis haut si scho ronn 500 Dossieren traitéiert an ongeféier 20 Milliounen EUR Hëllefen accordéiert ginn. Op europäeschem Niveau gouf d’ekonomesch Situatioun fir Betriber rezent duerch d’Kommissioun am Kader vum Dokument “A Green Deal Industrial Plan for the Net-Zero Age” analyséiert a Propose gemaach fir d’europäesch Ekonomie ze ënnerstëtzen a geziilt an eng méi nohalteg Richtung weiderzëentwéckelen.³ Aner spezifesch Evaluatioune sinn aktuell net geplangt.

3) Gesäit d’Regierung fir de Fall, datt déi international Enquêten een oder méi Täter identifizéieren, vir, deen oder déi verantwortlech Täter, respektiv Staaten, ëm entspriechende
Schuedenersatz unzesichen?

Dem aktuelle Stand vum Dossier no ass keng esou Klo envisagéiert an et misst juristesch ofgekläert  ginn, op dat iwwerhaapt méiglech a sënnvoll wier.
Lëtzebuerg, den 21. Mäerz 2023 (s.) Claude Turmes Minister fir Energie

¹
https://www.bloomberg.com/news/articles/2022-09-27/european-gas-prices-rise-amid-outages-at-idled-
russian-pipelines#xj4y7vzkg
² https://tradingeconomics.com/commodity/eu-natural-gas                                                                                                                                                                                                                                                    3 https://commission.europa.eu/system/files/2023-02/COM_2023_62_2_EN_ACT_A%20Green%20Deal%20Industrial%20Plan%20for%20the%20Net-Zero%20Age.pdf

Deel dëse Post: