RTL-Kloertext: Oppositioun eens an hirer Regierungskritik

ADR, CSV, Déi Lénk, Piraten: schwéier an der Oppositioun gemeinsam Nenneren ze fannen. Awer eens si sech déi véier Parteien an hirer deelweis haarder Kritik un der Regierung. Fir d’ADR war de Fernand Kartheiser an der Emissioun “Kloertext” vun RTL. Hie war och deen, deen d’Regierungskritik am präziste formuléiert huet an enger Emissioun, déi ganz informativ war. Esou ass besonnesch d’stuert Festhale vun der  Regierung un engem Koalitiounsaccord him en Dar am A, well Corona jo d’Eckdate vun dësem Accord komplett iwwert de Koup gehäit huet. Et war en haarden Owend fir d’Regierungsparteien, deenen hir Vertrieder all Méi haten fir de Gambia-Misère schéinzerieden.

Deel dëse Post: