Roy Reding: Wat ass lass mat Whatsapp?

Gudd a kloer informéiert d’Regierung op Nofro vum Roy Reding iwwer d’Rechter vun deene Leit, déi Whatsapp hunn a net wëllen, datt Facebook als neie Besëtzer Zougrëff op hir Donneeë kritt: Fir Europa ass Irland als europäesche Sëtz vu Facebook zoustänneg, mä Leit, déi sech wëlle beschwéieren, kënne sech un d’CNPF (“Commission nationale pour la protection des données”) wännen, déi dat dann an Irland weiderleet.  An Däitschland hat den “Datenschutzbeauftragten” vun Hamburg, wou och eng FB-Néierloossung ass Facebook verbueden, d’Donnéeë vu Notzer vu Whatsapp fir eegen Zwecker ze iwwerhuelen.

Deel dëse Post: