Roy Reding: Méisproochegkeet ass keen Argument géint d’Lëtzebuergescht

D’Petitioun 698 huet all Rekorder geschloen: De Lucien Welter mécht sech Suergen iwwer eis Nationalsprooch, wann d’Land weider wiesst wéi et wiesst. Hie verlaangt an därer Petitioun, datt d’Sprooch als éischt Verwaltungssprooch unerkannt gëtt. De Roy Reding huet an engem Artikel fir de “Paperjam” d’Fuerderunge vum Lucien Welter ënnerstëtzt an argumentéiert, datt näischt, wat an därer Petitioun gefrot gëtt, onméiglech ze realiséiere wär.

Deen Artikel ass Kloertext: Dat kann ee net behaapten vun der Fernsehsemissioun iwwer den nemmlechten Thema, déi e Sonnden, den 2. Oktober, iwwerdroe ginn ass. Jidfereen ass op eemol fir d’Lëtzebuerger Sprooch, op mannst vun deene Parteien, déi invitéiert waren. D’ADR als Haaptverdeedeger vum Lëtzebuergeschen war net invitéiert a gelungenerweis och net d’Partei vum Schoulminister, deem seng profranséisch Astellung déi ganz Polemik eréischt richteg provozéiert.

Deel dëse Post: