Roy Reding géint Brexit-Panik [Video]

Keng Panik beim Brexit, huet den ADR-Deputéierte Roy Reding de 6. Juli an der Chamber gemengt. D’Wirtschaft, Banken an Etreprisen hätten e Plang B an ausserdeem géing wahrscheinlech vill bleiwe wéi et ass. EU-Europäer bräichten an Zukunft just eng Aarbechtserlaabnis a Groussbritannien, an sozial Rechter géingen net méi ouni weideres iwwert d’Grenz ausgedehnt ginn. Kleng britesch Bank-Instituter wären frou, well se der europäescher Bankereglementéierungswut an hire Käschte kéinten entkommen. Vun der Regierung wollt de Roy Reding nach wëssen, wat si géing maachen fir d’EBA (Europäesch Bankenautoritéit) vu London op Lëtzebuerg ze kréien.

Deel dëse Post: