Roy Reding: Daache Sondagen eppes?

Den 2. Dezember ass an der Chamber e neit Gesetz fir Sondagen ze reglementéiere behandelt ginn. Zwar waren all Parteien d’accord, mä de Roy Reding huet e puer grondsätzlech Iwwerleeungen iwwer Sondage gemaach. Dem ADR-Deputéierte no kënnen esou Sondage manipuléieren an zwar je nodeem wéi d’Fro gestallt ass. Hien huet och gefrot, ob niewt de Sondagen iwwer Walen a Referenden, déi reglementéiert sinn, net och de Gebrauch vu Sondagen duerch d’Regierung a Ministäre misst iwwerduecht ginn. Vun eppes ass de Roy Reding iwwerzeegt an dat ass e grousst Kompliment un de Lëtzebuerger Wieler

Deel dëse Post: