“Roueg lo mol!”

“Roueg lo mol!”, esou dem Jean Asselborn seng Remark, wéi de Fernand Kartheiser sech als ageschriwwene Riedner kritesch iwwert deem seng Baussepolitik geäussert huet.

Verstand, Mooss, Héiflechkeet – dat géif een sech vun engem Bausseminister wënschen. Fir Lëtzebuerg bleift dat Wonschdenken. Eise jëtzege Chefdiplomat ass eng Laascht fir eist Land: Mir hunn e Bausseminister, deen onseriö optrëtt, enk Partner beleedegt an diffaméiert an d’Interessien vun engem wuessenden Deel vun der europäescher Bevëlkerung mat Féiss trëppelt. Dat d’Interesse vun eisem Land, vun eiser Ekonomie, vun eisem Image an Europa an an der Welt doduerch e massive Schued erleiden, versteet sech vum selwen. De Bausseminister fillt sech wuel a senger Roll als grousse Moralapostel a schwätzt léiwer net iwwert seng willkürlech an ontransparent Manéier, gewëss Staaten kompromësslos an den Dreck ze zéien an anerersäits frëndschaftlech Bezéiungen zu Staaten ze féieren, déi oppe faschistesch Tendenzen opweisen… E bësse manner Arroganz géif dem Minister Asselborn gutt zu Gesiicht stoen: Verstand, Mooss an Héiflechkeet eben.

A senger Interventioun vum 15. Mäerz zitt de Fernand Kartheiser d’Bilanz vun enger stilloser, geféierlecher an iwwerhieflecher Baussepolitik, déi eist Land an Europa isoléiert. Kritik verdréit de Jean Asselborn leider guer net: Gewinnt onbeherrscht fält dem Bausseminister näischt Besseres an, wéi den ADR-Deputéierte perséinlech ze beleidegen. Doran huet hie schliisslech Übung – en Trauerspill!

Highlights vun der Interventioun:

 

 

Deel dëse Post: