Asyl an RMG: Wéineg kloer Äntwerten vum Corinne Cahen

Em Detailler iwwert d’RMG-Versuergung vu Leit, déi hei am Land den Asylstatut kréien, huet d’parlamentaresch Fro Nr. 1520 vum Fernand Kartheiser gehandelt. Dobäi wollt den ADR-Deputéierten och gewuer ginn, wat mat Leit geschitt, déi hir Famill nokomme loossen, wann déi Famill net de Lëtzebuerger Gesetzer entsprëcht, zum Beispill e Stod mat méi wéi enger Fra oder mat mannerjähregen Ehepartner. Dorops äntwert d’Madame Familljeminister Corinne Cahen, dat wär nët hiren Zoustännegkeetsberäich, dat misst an der “Immigratioun” decidéiert ginn.

RMG kann e Flüchtling direkt ufroen, wa säi Statut festgestallt ass. Déi Persoun kann da Fra (oder Mann) a mannerjäreg Kanner mä och  “ënnert bestëmmte Konditiounen” Elteren a groussjäreg Kanner nokommen loossen. Den Integratiounsministär kann awer iwwerhaapt nach nët soen, wat fir eng finanziell Belaaschtung op de Fonds de Solidarité zoukënnt, dee jo den RMG bezillt. Do wäre nach keng Zuelen do, weder fir déi Leit, déi schonn op Grond vun hirem Statut den RMG ugefrot hunn, nach iwwer de Wee vu statistesche Projektiounen vun deenen, déi nach kinnten kommen, esou d’Madame Minister.

Froë vum Fernand Kartheiser, awer wéineg Äntwerten zur Flüchtlingskris. 

Deel dëse Post: