Rifkin-Debatt: Net de soziale Fridde verléieren!

Den amerikaneschen Ökonom Jermey Rifkin huet op Initiativ vum Wirtschaftsministère eng strategesch Etüd – “Die dritte industrielle Revolution” – iwwert d’Digitaliséierung vu Lëtzebuerg ausgeschafft. D’Visioune vum Rifkin stoussen awer net iwwerall op Begeeschterung – an dat aus guddem Grond. Den ADR-Deputéierte Roy Reding ass der Rifkin-Etüd op de Fong gaangen an huet e puer waarm Rotschléi un d’Regierung:
D’Politik muss sech endlech vum kompromësslose Wuesstems-Dogma trennen, dee weder méi Räichtum, nach méi Liewensqualitéit fir d’Awunner vu Lëtzebuerg mat sech bréngt. Den Roy Reding appelléiert och, datt am Zäitalter vun der Digitaliséierung Mënschlechkeet, Moral a soziale Kontakt net verluere goen däerfen. Mat konkrete Beispiller weist hien ofschléissend op d’Gefore vun der Digitaliséierung op déi perséinlech Fräiheete vum Bierger hin.

D’ADR mécht sech staark dofir, datt d’Politik net blannemännerches op en Zäitalter vun der sozialer Keelt zousteiert.

Auszich aus der Ried:

Deel dëse Post: