Zu de rezenten Äusserunge vun der Presidentin vun der CCDH zur „Brandmauer géint Riets“ huet de Fred Keup e puer onbequem Froen un de Premier.
Fro:
Am Kader vun engem rezenten Interview huet d’Presidentin vun der “Commission consultative des Droits de l’Homme” (CCDH) erkläert, datt „d’Brandmauer géint Riets misst oprechterhale ginn“. Dat ass net déi éischte Kéier, datt d’Presidentin vun der CCDH mat polemeschen Aussoen an der Ëffentlechkeet fir Opreegung suergt. Am September 2024 hat si op de soziale Medien d’Ausso gemaach, datt d’Petitioun géint LGBTQ-Themen an der Schoul net hätt dierfe vun der Petitiounskommissioun erlaabt ginn – obwuel dës Petitioun méi wéi 10.000 Ënnerschrëfte gesammelt hat.
Dës rezent Ausso bezitt sech direkt op d’Ofstëmmung am Europäesche Parlament iwwer déi nei “Réckféierungsveruerdnung” (“Return Regulation”). D’Reegelung gouf de 17. Juni 2026 mat 418 Jo-Stëmmen, 218 Nee-Stëmmen an 30 Enthalungen ugeholl. D’Majoritéit vun der EVP, ECR, PfE an ESN huet dofir gestëmmt. D’Majoritéit vun de Sozialisten (S&D), de Gréngen an der Lénker war dogéint. Bei Renew Europe war d’Fraktioun gespléckt.
D’CCDH ass eng “berodend a gesetzlech onofhängeg Institutioun”, déi d’Regierung an d’Chamber zu Mënscherechtsfroe beréit. Hir Roll ass et, Mënscherechter ze schützen an ze fërderen – net, parteipolitesch Positiounen ze vertrieden oder dozou opzeruffen, net mat gewielte politesche Parteien zesummenzeschaffen.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Premierminister:
- Ass den Här Premierminister der Meenung, datt et fir d’Institutioun CCDH gutt ass, wann si kloer parteiesch Positiounen anhëlt a sech dofir aussprécht, net mat verschiddene gewielte politesche Parteien zesummenzeschaffen?
- Wéi gesäit d’Regierung d’Onofhängegkeet an d’Neutralitéit vun der CCDH, besonnesch wann hir Presidentin ëffentlech „Brandmauer“-Positioune géint demokratesch gewielte Fraktioune vertrëtt?
- Wéi kéint een an Zukunft verhënneren, datt si vun de Bierger als parteipolitescht Instrument wouergeholl gëtt?