Respekt vru reliéisen Iwwerzeegungen

Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Déi sougenannten Trennung vu Kierch a Staat kënnt ëmmer nees op d‘Tapéit. Esouguer e Groupe vun Experten, natierlech aus dem Ausland, huet d‘Situatioun vu Lëtzebuerg analyséiert. D‘Entscheedung, ob a wéi de Staat Kierchen, reliéis Communautéiten a philosophesch Gemeinschaften ënnerstëtzt, muss awer bei der Politik bleiwen.

D‘ADR steet fir Reliounsfräiheet an de Respekt vrun alle reliéisen Iwwerzeegungen, esoulaang dës net géint Prinzipie vum Rechtsstaat verstoussen. Kierchen a reliéis Communautéite mussen institutionell getrennt vum Staat fonctionnéieren. Tatsaach ass awer, datt se op déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat ugewise sinn. D‘ADR ass fir den italienesche Modell vum „otto per mille“: De ganz klengen Deel vun de Steiere gëtt u Kierchen, reliéis Gemeinschaften oder karitativ Institutioune weidergeleet. De Bierger bestëmmt dobäi selwer, wéi eng Institutioun, reliéis Communautéit oder Kierch dës Sue kritt.

Otto per mille

Reliéis a philosophesch Gemeinschaften, déi an de Genoss vum „otto per mille“ kommen, mussen op Basis vu klore Kritären unerkannt ginn. Zu dëse Kritäre gehéiert z.B., datt se zënter 10 Joer zu Lëtzebuerg aktiv sinn, keng kommerziell Grondlag hunn, d‘Fräiheet vun hire Membere genau esou respektéiere wéi d‘Chartae vu Mënscherechter an national Gesetzer.

De Reliounsunterrecht muss an der ëffentlecher Schoul fir all dës reliéis Gemeinschafte méiglech bleiwen oder ginn: och an der Schoul mussen d‘Entscheedung vun Elteren a Kanner op dësem Punkt respektéiert ginn.

Deel dëse Post: