Respekt virum fundamentale Recht vum Kand op Liewen wgl.!

Bei der Ofdreiwungsdebatt hëlt d’ADR, am Géigesaz zu deenen aneren an der Chamber vertruedene Parteien,  eng méi nuancéiert Positioun an. Natierlech mussen d’Rechter vun der Fra respektéiert ginn, d’Debatt ëm d’Ofdreiwung däerf an deem Kontext awer net banaliséiert ginn an eng Ofdreiwung muss – z.B. am Kader vun enger Vergewaltegung, oder och, wann d’Gesondheet vun der Fra um Spill steet – d’ Ausnam bleiwen. D’Recht vum Kand op Liewen däerf nämlech net a Fro gestallt ginn. Och an de Lëtzebuerger Gesetzestexter bleift dat fundamentaalt Recht op Liewe vum Kand weiderhi verankert – schued just, datt dëst net an déi nei Verfassung integréiert gouf.

Deel dëse Post: