Respekt fir de Bësch a seng Besëtzer [Video]

An den Discussiounen iwwer de neie Code forestier huet de Roy Reding eng ganz equilibréiert Positioun ageholl. Hien huet awer virun allem Respekt virum Bëschbesëtzer gefuerdert, well de Bësch héich Investitiounen verlaangt iwwer vill Generatiounen. De Roy Reding huet plädéiert, datt Leit fräien Accès an de Bësch hunn, dat am géigesäitege Respekt. Hien ass fir steierlech Befreiungen agetrueden fir d’Investitiounen am Bësch méi einfach ze maachen. Wéineg iwwerzeegt ass de Roy Reding vu Kompensatiounsplanzungen, well 1 verbaute Meter carré net duerch nei Uplanzungen ze kompenséieren ass. Den ADR-Deputéierten huet verlaangt, de Leit d’Fräiheet ze loossen, ze entscheeden, wat fir si an hire Bësch gutt ass. Am allgemenge plädéiert de Roy Reding fir manner Staat: Net all wirtschaftlech oder Fräizäitaktivitéit muss reglementéiert sinn.

Deel dëse Post: