Respekt an Unerkennung fir d’Handwierk!

Vertrieder vun den ënnerschiddlechsten Handwierksberuffer hu sech de 7. Mäerz mat der ADR-Parteispëtzt getraff, fir iwwert hir Uleissen ze diskutéieren. Dobäi ass schnell kloer ginn: D’Handwierksvertrieder kréien duerch onsënneg Virschrëften, an zum Deel och duerch eng inkohärent Politik vun de verschiddenen Federatiounen, net ëmmer dee Respekt entgéintbruecht, deen si fir hir wichteg Aarbecht verdéngt hunn. D’ADR huet sech voll a ganz bereet erkläert, den Handwierksvertrieder do, wou et nëmme geet, politesch ënnert d’Äerm ze gräifen. 

Deel dëse Post: