[BEÄNTWERT] Réserve de suppléants

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Educatiounsministesch weiderzeleeden.

D’Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwert d’Personal an der Grondschoul gesäit am Kapitel 15 vir, datt de Staat d’Reserve vum Ersatzpersonal (réserve de suppléants) organiséiert. Dës Reserve vun Enseignanten huet d’Missioun, Schoulpersonal ze ersetzen, wat punktuell feelt, oder Posten ze besetzen, déi keen Titulaire fonnt hunn.

Dowéinst wéilt ech der Madame Educatiounsministesch dës Froe stellen:

1)      Wéi vill Enseignantë ware fir d’Schouljoer 2011-2012 an si fir d’Schouljoer 2012-2013 am Asaz, opgeschlësselt no de verschiddene Qualifikatiounen, wéi se am Artikel 16 virgesi sinn?

2)      Wéi vill Schoulstonne konnten, pro Trimester, an dëse Schouljoren net ersat ginn? Gëtt et do eng Opdeelung pro Gemeng ?

3)      Aus wéi engen Ursaache kënne Stonnen an der Schoul net ersat ginn?

4)      Wann ee vun de Grënn doranner läit, datt net genuch Ersatzpersonal zur Verfügung steet, wéi eng Efforte wëllt d’Regierung dann ënnerhuele fir méi Leit an dëser Reserve ze mobiliséieren?

5)      Wat ass virgesinn, fir Kanner aus der Grondschoul ze betreien, wa keen Titulaire an och keen Ersatz ka Schoul halen?

 Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l’Education nationale et de la Formation professionnelle

Deel dëse Post: