Renten: no der Gerechtegkeet d’Ofsécherung

Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D’ADR steet zu Lëtzebuerg als Synonym fir Rentegerechtegkeet. Dës Kompetenz stellt keen a Fro, d’ADR ass viru 25 Joer gegrënnt gi fir e gerechten Equiliber tëschent de Pensiounen am ëffentleche Secteur an de Pensiounen am private Secteur hierzestellen. Aus der Oppositioun eraus, mat de Wieler am Réck, ass dëse Punkt aus dem ADR-Walprogramm quasi integral ëmgesat ginn.

Zënter 1999 gëtt et zu Lëtzebuerg fir all Versécherten een an deeselwechte Modell, fir Renten a Pensiounen auszerechnen. Bei dëser dank der ADR duerchgefouerter Reform sinn och d’Renten am Privatsecteur verbessert ginn.

D’Mindestrent gouf kräfteg erhéicht. D’Rentner kréien esou eppes wéi en 13. Mount. An et schwätzt haut kee méi vun Hongerrenten – dëst war nach e wichtegt Thema bei der Grënnung vun der ADR.
D’Rente sinn, nees oder nach ëmmer, en Thema! Elo gëllt et, de Pensiounssystem, wéi mer e kënnen, laangfristeg ofzesécheren. Och ons Kanner – all déi, déi haut an de System abezuelen – hunn e Recht op eng uerdentlech Pensioun, an dëst Recht däerf net duerch eng kuerzsichteg Politik op d’Spill gesat ginn.

Kloer Propose vun der ADR

Dowéinst huet sech d’ADR an der leschter Legislaturperiod net nëmme mat enger Pensiounsreform d’accord erkläert: d’ADR ass och déi eenzeg Partei, déi am Kader vun dëser Reform kloer Propositiounen op den Dësch geluet huet, dëst fir d’Pensiounen op laang Zäit ofzesécheren.

D’ADR huet an der Chamber géint d’Propose vu CSV/LSAP gestëmmt. Dëst aus zwou Ursaachen. Éischtens well se net sozial ass, an déi kléng Pensioune grad esou wéi déi grouss belaascht, z.B. doduerch, datt den Ajustement vun engem bestëmmtene Punkt un halbéiert oder ganz gestrach gëtt. D’Regierungsreform huet och d’Konschtstéck fäerdegbruecht, déi ganz Laascht vun der Reform op déi kommend Generatiounen ze verlageren.

Beim Ajustement schléit d’ADR vir, dësen degressiv ze kierzen: wat d’Pensioun méi kléng ass, wat manner Ajustement gekierzt gëtt. Bei der Mindestrent bleift den Ajustement ganz erhalen.

Am ADR-Modell gëtt den Alter fir d’Fréipensioun (55, 57 respektiv 60 Joer) progressiv bis zu engem Joer an d’Luucht. Beim Regierungsmodell ginn 3 Joer dropgeluecht, et sief et géif een op 13% vun der Pensioun verzichten!

Pressekonferenz: Pensiounsreform ADR / Regierung: e Verglach

Deel dëse Post: