De Wäibaumusée zu Éinen gouf 1974 gegrënnt a befënnt sech an engem historeschen Areal, dat als “Monument national” klasséiert ass. De Musée u sech ass am Ablack wéinst Renovéierungsaarbechten zou a soll vun 2023 un den “Centre Mosellan” ëmfaassen. Leider ass net kloer, wat fir Exponater och no dëser déifgräifender Ëmgestaltung vum Musée erhale bleiwen. Weess d’Kulturministesch doriwwer Bescheed?