D’Lëtzebuerger Arméi ass zanter méi Laangem mat akute Rekrutéierungsproblemer konfrontéiert. Dat ass um Niveau vun de Volontairen de Fall, awer net nëmmen. An der Arméi feele Karriären, déi et an aneren Administratioune beim Staat scho laang gëtt. Obschonns de militäresche Beruff intressant an ofwiesslungsräich ass, verléiert d‘Arméi doduerch un Attraktivitéit. Dat geplangten neit Arméisgesetz, dat ënner anerem och nei Karriären an der Arméi virgesäit, wäert awer viraussiichtlech nach laang Zäit brauchen, bis et kann an der Chamber gestëmmt ginn.

Lëtzebuerg brauch − grad och an där aktueller internationaler Situatioun − eng personalméisseg a qualitativ effikass a gutt opgestallten Arméi.  Fir de Rekrutéierungsproblem  esou wäit wéi méiglech an esou séier ewéi méiglech ze léisen, plädéiert d’ADR dofir, an engem separate Gesetz iwwert d’Karriären an der Arméi ze legiferéieren an net déi geplangten, méi grouss Reform, ofzewaarden.

D’ADR bréngt dës Fuerderung an der Verdeedegungskommissioun vun der Chamber zur Sprooch.

Pressematdeelung vum 2. Mee 2022