Reindexéierung vum Kannergeld …

Enn 2020 huet d’ADR an der Chamber eng Motioun fir d’Reindexéierung vum Kannergeld eragereecht. Mir hu gefuerdert, datt d’Regierung d’Kannergeld scho vum Budgetsjoer 2021 un nees indexéiert an de Wäertverloscht, deen hei zënter 2006 entstanen ass, ze kompenséieren.

Nach am Dezember, wéi d’ADR dëst gefuerdert huet, hat Gambia sech dogéint ausgeschwat an elo am Januar huet si d’Reindexéierung vum Kannergeld fir den 1. Januar 2022 festgehalen. Fir d’Kompensatioun vun der Perte gouf awer leider näischt virgesinn.

 

Deel dëse Post: