Regional! Nohalteg! Lëtzebuergesch!

Am Hibléck op d’COVID-19-Pandemie huet sech gewisen, datt d’Versuergungsweeër mat Liewensmëttel aus dem Ausland kënnen – krisebedéngt – ufälleg sinn. Och am Hibléck op d’Lëtzebuerger Wirtschaft ass et sënnvoll an nohalteg, datt esouwuel Privatpersounen an Haushalter, ewéi och Betriber, Kantinnen a Restauranten op regional Produkter kënnen zeréckgräifen. Et muss dofir séchergestallt ginn, datt déi genannten Acteuren och kënnen onkomplizéiert regional Liewensmëttel akafen. Fir datt virun allem d’Restauranten a Kantinnen net mussen op eng Onmass un ënnerschiddlechen Hiersteller vu regionale Produkter zeréckgräifen, respektiv, dës kontaktéieren, wär et sënnvoll, eng Plattform op d’Been ze stellen, déi d’Angebot vu regionale Produkter am Land geschäftsiwwergräifend koordinéiert an organiséiert. D’Landwirtschaftskummer huet mat hirer Initiativ „Sou schmaacht Lëtzebuerg“ sécherlech dozou bäigedroen, regional Produkter och fir d’Restaurante méi an de Virdergrond ze réckelen. Dës Initiativ, déi jo och vum Landwirtschaftsministère ënnerstëzt gëtt, huet awer haaptsächlech d’Aufgab, Persounen a Betriber ze sensibiliséieren, regional anzekafen an ersetzt op kee Fall déi uewe genannte Plattform. Wéi schonn ugedeit, ass et fir déi meescht Restauranten en ze groussen Opwand, Ubidder vu regionale Produkter eenzel ze kontaktéieren, eng geschäftsiwwergräifend – gemengt sinn d’Hiersteller vu lokale Produkter – Plattform fir de Verkaf wär dofir méi ewéi sënnvoll.

D’ADR stellt mat Bedauere fest, datt et esou eng Plattform bis dato nach net gëtt. Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro huet den Nord-Deputéierte Jeff Engelen schonn d’Schafe vun esou enger Plattform ugereegt. Elo bleift ofzewaarden, wéi eescht d’Regierung et wierklech mengt mat hirem Bestriewen, eng nohalteg Wirtschaftspolitik ze féieren. D’ADR bleift op alle Fall dohannert.

ADR-Pressematdeelung vum 5. Juni 2020

 

Deel dëse Post: