Regierungserklärung: Geet et weider, wéi bis elo?

An der Regierungserklärung vum 22. November, virgedroe vum neie Premier Frieden, fënnt sech wéineg Konkretes: Bal 400 Mol kann een am Koalitiounssaccord liesen, datt déi nei Ekipp elo mol wäert “examinéieren”, “analyséieren”, “evaluéieren”, “suivéieren”, etudiéieren” etc. Seriö geet anescht! Firwat fäert d’Regierung eng kloer Stoussrichtung virzeginn an de Bierger ze soen, wéi si eist Land ëmgestalte wëllen? A senger Reaktioun op d’Regierungserklärung hëlt den ADR-Partei- a Fraktiounschef Fred Keup d’Aussoe vum Minister Frieden genee ënnert d’Lupp. Besonnesch enttäuschend ass dobäi, datt déi nei Regierung a ville Politikberäicher, déi d’Bierger den 8. Oktober kloer ofgewielt hunn, näischt wëll änneren an dës viruféieren.

Deel dëse Post: