Regierungs-Äntwerten op ADR-Froen

Chamber

D’Regierung ass gehalen, Froen vun deene Leit, déi si kontrolléiert, vun de Deputéierten also, ze beäntweren. Dat mécht si och, heiansdo ganz gutt, an heiansdo e bësse manner gutt.

Hei den Extrait vum Chambersreglement, wou vun de parlamentaresche Froe rieds ass.

Net all Fro an Äntwert gëtt an der Lëtzebuerger Press behandelt, mais d’Deputéiert werfen dacks Sujeten op, déi och fir e grousse Public méi intressant sinn. Eng ganz Rëtsch därer Froe vun den dräi ADR-Leit an der Chamber sinn an der lescht beäntwert ginn. Mir bréngen hei d’Äntwerten zu den eenzelnen Froen.

De Gast Gibéryen hat eng Fro gestallt iwwer d’Zukunft vum Arbeds-Gebei, wéi Arcelor-Mittal et wollt verkafen.

Hei d’Äntwert.

De Fernand Kartheiser huet sech mam Härebierg befaasst an zwou Froen iwwer de Militärtransporter A400 an iwwer d’Dingos-Gefierer vun der Arméi.

Äntwert A400.                                                                                                     Äntwert Dingo.

Hien huet eng Fro iwwer d’HPV-Impfung gestallt, ob déi och fir Jongen a Fro kéim. An hien huet sech an enger weiderer Fro mat engem Rapport iwwer d’Sklaverei an d’Situatioun zu Lëtzebuerg befaasst.

Äntwert HPV.                                                                                                          Äntwert Sklaverei.

De Roy Reding hat eng ganz Rëtsch Froen méi technescher Natur,

iwwer d’Rulingen zu Lëtzebuerg,

iwwer den Timberspobeier, deen d’Notaire musse benotzen

an iwwer d’Aarbechtsmedezin.

Hien hat och nach Informatiounsbedarf wat d’Manifestatioun vu

franséischen Tubaksbuttiksbedreiwer op der Aire de Berchem,

iwwer d’Autosaccidenter um Waldhaff

an iwwer Gebailechkeeten, déi am Bësch kënnen opgeriicht ginn.

 

Deel dëse Post: