Refuséiert Projete bei Esch2022

2022 ass Esch, zesumme mat 18 Nopeschgemengen aus der Minett („ProSud“) an aus Frankräich, Kulturhaaptstad vun Europa, eng Éier, déi sech eis zweetgréisst Stad mat Kaunas (Litauen) an Novi Sad (Serbien) deelt. D’Attraktivitéit vun dëser 18-Gemenge-Regioun (200.000 Awunner) soll gestäerkt ginn, ganz besonnesch op touristeschem a wirtschaftlechem Plang.

De Kulturministère hält sech aus der Programmatik eraus. An der Äntwert vun der Kulturministesch Sam Tanson op eng parlamentaresch Fro liest een: „Iwwerdeems sech d’asbl Esch2022 fir d’Organisatioun vun engem Lancement entscheet huet, sief drun erënnert, datt sech de Kulturministère prinzipiell net an d’Gestaltung vu kulturellen an artisteschen Aktivitéiten, respektiv vu Programmatiounen amëscht.“ 

Onofhängeg dovun ass et keng Reklamm fir Lëtzebuerg, datt de Kontrollgremium vun der Europäescher Kommissioun an engem Dokument schreift: “The panel asked several questions about the large number of projects that had not been selected after the open call and the frustrations this could create, (…) The team reiterated the figures indicated in its previous progress report: i.e. the open call triggered a record number of 1000 applications, among which approximately 600 were fully finalised. Out of these, 130 projects were selected by the evaluating committee as meeting the quality criteria and will take place next year.” 

Wat sinn dat fir Projeten, a firwat goufen déi refuséiert?

 

Deel dëse Post: