Refugiéen an Hoteller, wat sinn déi offiziell Zuelen?

Am ganze Land ginn et Hoteller déi net méi hirer ursprénglecher Vocatioun am Kader vum  Tourismus noginn, ma exklusiv Refugiéen ophuelen. Et ass a priori unzehuelen dass doduercher d’Gesamt-Zuel vun den Hotelszëmmere, fir d‘Touristen am Land, erofgaangen ass, jiddefalls mol a verschiddene Kategorien vun der Offer.  De Fernand Kartheiser freet bei der Regierung no:

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Baussen- an Immigratiounsminister, un d’Madame Banneminister an un den Här Tourismusminister weiderzeleeden.

Am ganze Land ginn et Hoteller déi net méi hirer ursprénglecher Vocatioun am Kader vum  Tourismus noginn, ma exklusiv Refugiéen ophuelen. Et ass a priori unzehuelen dass doduercher d’Gesamt-Zuel vun den Hotelszëmmere, fir d‘Touristen am Land, erofgaangen ass, jiddefalls mol a verschiddene Kategorien vun der Offer.    

An deem Zesummenhank wollt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Hoteller sinn an deene leschten 10 Joer op des Manéier ëmfonctionéiert ginn an déngen haut exklusiv oder prioritär als Foyere fir Flüchtlingen (DPI oder BPI)?
  2. Wéivill Hoteller sinn no Regioune betraff an no wat fir enger Präiskategorie?
  3. Wéi war de Stand vun all den Hotelszëmmeren zu Lëtzebuerg virun 10 Joer, a wéi ass den aktuelle Stand, no Präiskategorie?    

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser Deputéierten

Deel dëse Post: