Referendumsprozedur: ADR schreift 102 Gemengen un!

Mëtt November huet d’ADR all 102 Gemengen ugeschriwwen, fir hinnen wichteg Impulser ze ginn, fir de Bierger et sou onkomplizéiert an einfach wéi méiglech ze maachen, fir vun hirem Recht Gebrauch ze maachen, sech op der Gemeng fir de Verfassungsreferendum anzeschreiwen.

Wéini kënnt Dir op Är Gemeng ënnerschreiwe goen?
Informéiert Iech op Ärer Gemeng zu wéi engen Auerzäiten dir DIERFT fir de Referendum ënnerschreiwe goen!
Net all Gemeng huet eng Kommunikatioun op Pabeier gemaach!

Wann dir guer net eenz gitt, da rufft eis einfach un a mir kucken Iech daat no.

Méindes bis freides: moies vu 9h-12h a mëttes vun 13h30 bis 16h30 um Tel. 46 37 42

Deel dëse Post: