Referendum = méi Demokratie

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Zu Lëtzebuerg ass de Referendum um nationale Plang déi absolut Ausnam. Kee Wonner, well d’Leit selwer keng Chance hunn, e Referendum erbäizeféieren, ausser bei enger Verfassungsännerung, wou op Volleksbegier den zweete Vote vun der Chamber duerch e Referendum muss ersat ginn. Donieft huet just d’Chamber d’Recht, duerch e Gesetz e Referendum an d’Wee ze leeden.

Der ADR geet dat net duer. Mir mengen, datt d’Vollek selwer muss d’Méiglechkeet kréien, op eegen Initiativ a wichtege Froen e Referendum ze declenchéieren. D’ADR huet dofir schonn 1993 eng Gesetzespropositioun an der Chamber abruecht, déi awer bis haut net ëmgesat ginn ass.

Dobäi ass fir d’ADR kloer, datt een net andauernd iwwer all méiglech Klengegkeete kann ofstëmmen. Duerfir si mir derfir, datt d’Zuel vun Ënnerschrëften, déi fir d’Ofhale vun engem Referendum erfuerdert ass, héich genuch muss sinn, fir den Abus ze verhënneren, mee awer och net sou héich, datt de Referendum op Volleksinitiativ bal onméiglech gemaach gëtt.

Am Zäitalter vun der moderner Kommunikatioun muss et och erméiglecht ginn, déi néideg Stëmme fir e Referendum per Internet ze sammelen. Dat gehéiert haut zu enger partizipativer Demokratie.

D’ADR ass iwwerzeegt, datt de Referendum en onverzichtbart Instrument ass, fir an enger lieweger Demokratie d’Vollek u wichtegen Decisiounen ze bedeelegen an domat der Politikverdrossenheet entgéintzewierken.

Fir d’ADR ass et och absolut ondenkbar, datt déi nei Verfassung ouni Referendum kéint a Kraaft gesat ginn.

Deel dëse Post: