Referendum iwwer d’Homobestiednis: De Fernand Kartheiser seet, wat ass …

Wann een ee Referendum verluer huet, wëllt een esou bal keen aneren, seet sech déi lenks Chambersmajoritéit. Duerfir gouf nieft dem Roy Reding sengem Trams-Referendum och dem Fernand Kartheiser säi Gesetzvirschlag iwwer e Referendum zum Homobestiednes an der Adoptioun duerch gläichgeschlechtlech Koppelen ënnert den Teppech gekéiert. An dat den nämmlechten Dag, de 7. Juli (béid Videoe waren eréischt mat Verspéidung public). Mä et war op d’mannst eng Geleeënheet fir de Fernand Kartheiser, fir nach eng Kéier op déi grondsätzlech Kritik vun der ADR anzegoen. Geleeënheet och, fir nach eng Kéier ze ënnersträichen, datt dat näischt mat Homophobie ze dinn huet a näischt mat Intoleranz.

Bei der Fro vum Homobestiednes an der Adoptioun géing et virun allem em d’Rechter an den iwwergeuerdneten Interesse vum Kand goen. Dat géing an eiser Gesellschaft ëmmer manner berücksichtegt ginn, an d’Kand géing, wéi bei der Adoptioun sou och an der Medezin, bei de neie Forme vun Fortplanzung, ëmmer méi zu engem kommerziellen Objet. An den Drock vu sougenannte fortschrëttleche Kreesser géing esou guer d’Meenungsfräiheet a Gefor bréngen, well et kéint ee bal méi e moralesche Standpunkt net méi ëffentlech diskutéieren. Dee Standpunkt, deen d’ADR ëmmer nees gär hëlt.

Deel dëse Post: